Guiden a Scouten St Benoit Cliärref

De Grupp St Benoit besteet säit Abrëll 1982.
Zu Cliärref ginn et all Branchen: Biber, Wëllefcher, AvEx, CaraPio, RaRo an Albatrossen an d’Amicale “Frënn van de Cliärrwer Guiden a Scouten”.
Kanner a Jonker aus de 5 Gemengen Clierf, Weiswampach, Wëntger, Kiischpelt an Ëlwen sinn zu Clierf am Grupp.
Am Moment sinn iwwer 150 Kanner an 45 Cheffen aktiv.
Säit 2006 hunn déi Cliärrwer Scouten hieren eegenen Scoutshome. De Chalet “Bréisbich” ass an der Eselbuererstrooss zu Clierf.