D’CaraPio (Caravellen & Pionéier) ass d’Branche fir d‘Meedercher an d‘Jongen am Alter vun 14 bis 17.

Versammlungen + Programm:
D’Carapio hunn all zweeten Samschden Versammlung vun 9:00 bis 12:00 Auer.
Hei plangen si verschidden Aktivitéiten an Projeten. D’Versammlungen sinn am Scoutschalet zu Cliärref.
Déi Jonk probéieren ëmmer hier Iddien mat an d‘Projeten afléissen ze loossen. Ee vun hiren Liiblingsprojeten ass an war d‘Bauen vun enger Hollywoodschaukel.

Camp:
All Joer maachen d’Carapio och ee Camp vun ongeféier zwou Wochen, deen normalerweis am Ausland stattfënnt. Um Camp zelten si a bauen eng eegen Kichen, si riichten verschidden Konstruktiounen op, wéi zum Beispill een Iessdësch. 

Wärend dem Camp maachen si verschidden Aktivitéiten, wéi eng Stad besichen, schwammen goen, mee och een Hike vun dräi Deeg, bei deem si iwwer 30km op déi Deeg trëppelen. Si maachen och sportlëch Aktivitéiten a Spiller fir den Zesummenhalt vun der Grupp ze stäerken. Ausserdeem maachen si d‘Verspriechen um Camp, bei deem d‘Carapio probéieren sech virzehuelen hier Schwächen ze fannen an dës dann ze verbesseren.

Hike (+ Ironscout):
D‘Carapio hunn all Joer ee Wanterhike. Hei organiséieren si sech selwer hier Schlofplaz a sichen sech hire Wee.
All puer Joer gëtt et den Ironscout, bei deem een 60km wärend 24h trëppelen soll.

Weekender:
Ee bis zwee mol pro Joer gëtt ee Weekend organiséiert. Een Eischten, deen nëmmen ënnert eis Cliärrfer Pio ass, wou si och selwer kënnen Iddien mat abréngen. Deen zweeten Weekend ass mat der Nordekipp, deen vun de Cheffen organiséiert gëtt.

Jocapi:
All Joer gëtt et ee Rallye, de „Jocapi“. Dëse gëtt vum Gewënner vum läschte Joer organiséiert. De Cliärrwer Grupp huet en och well méi oft organiséiert, fir d’läscht 2015.

BA:
Eng BA ass eng „Bonne Action“. All Scout probéiert sou oft wéi méiglech eppes Guddes ze maachen. Um Camp maachen d‘CaraPio all Joer eng méi grouss BA, wou jidderee säin Deel dozou bäidréit.

Roll:
An de Carapio bereeden d‘Chefen déi Jonk op hier nei Roll als Chef fir, andeems si villes selwer organiséieren a plangen mussen. Ënner anerem plangen si och Aktivitéiten fir déi aner Branchen. D‘Carapio sichen sech am 3. Joer eng Branche eraus, an der si spéider als Chef aktiv wëllen sinn.

Kontakt

Cheffen