D’AvEx (Aventuren & Explorer) ass d’Branche fir d’Meedercher an d’Jongen, tëschent 11 a 14 Joer.

Déi Cliärrwer Avex treffe sech all Samschdes vun 15:00 bis 17:00 Auer fir hier Versammlung.

D'AvEx erliewen Expeditiounen, déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Themen wéi z.B.: Natur, Gesondheet, Lëtzebuerg, ...

Op mannst eemol am Joer maachen d’Avex och ee Weekend an engem Chalet hei zu Lëtzebuerg.

D'Avex schléissen d'Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp am Ausland of, wou si dann wärend bal zwou Wochen an Zelter schlofen an op den Hike ginn.

Kontakt

Cheffen