D’Wëllefcher ass d’Branche fir Kanner am Alter vun 8 - 11 Joer.

Et ass een extrem fuerwetzigen Alter an deem d'Kanner vill bäiléieren wëllen. Dëst baséiert sech bei de Wëllefcher um Spill. Zesummeliewen mat Aneren souwéi och d'Kennenléieren vun der Ëmwelt an aneren Saachen geschitt also duerch d'Spill.
D'Wëllefchersmethod baséiert sech un der Geschicht vum "Dschungelbuch" vum Rudyart Kipling. 

Déi Cliärrwer Wëllefcher hunn all Samschden vun 15:00 bis 17:00 Auer Versammlung beim Chalet zu Clierf (ausser an de Vakanzen!). 

Aner Aktivitéiten wéi d’Montée, den Adventsmaart, d'Scoutskiermes souwéi verschidden Rallyen an gréisser Aktivitéiten zu verschiddenen kreativen Themen sinn iwwert ganzt Joer verdeelt.

Den Ofschloss vum Scoutsjoer ass all Kéiers eisen 5-6 Deeg laangen Summercamp wärend der Grousser Vakanz. 

Kontakt

Cheffen