D’Biber ass déi jéngsten Branche aus den Scouten. D’Biber ass d’Branche fir Kanner ab 6 Joer (Cycle 2).

 

D’Aktivitéiten baséieren op Spill a Spaass, woubäi d’Biber bal ëmmer dobaussen sinn an d’Natur kenneléieren.

 

Déi Cliärrwer Biber hunn all Samschden vun 15:00-17:00 Auer Versammlung zu Clierf beim Chalet (ausser an de Vakanzen!).

 

Eemol am Joer ginn si op de Summercamp. Dësen dauert dräi Nuechten resp véier Deeg an ass meeschtens am Ufank vun der grousser Vakanz.

Eng aner grouss Aktivitéit vun de Biber ass de Weekend, wou si am Fréijoer eng Nuecht resp. zwee Deeg zesumme verbréngen.

Dobäi kommen dann nach déi Aktivitéiten, déi si zesummen mat deenen anere Branchen organiséieren. Am Ufank vum Scoutsjoer ass d’Montée. Hei ginn déi al Biber verabschid, déi an d’Wëllef erop ginn. Déi nei Biber ginn mat e puer klengen “Muttprouwen” am Grupp opgeholl. All Biber kritt dann och säi Foulard iwwerreecht. Ënner anerem bastelen si Saachen fir um Adventsmaart am Dezember ze verkafen. An net ze vergiessen hëllefen d’Biber och am Fréijoer bei der Scoutskiermes. D’Biber bereeden dofir an de Versammlungen fläisseg een klengen Optrëtt vir. 

Kontakt

Cheffen