⚜️ SCHNUPPERVERSAMMLUNG 2021 ⚜️
Du bass gär dobaussen... 🌳
Du entdecks gär d'Natur...
Du erliefs gär nei Saachen... 🏕️
Du wëlls nei Frënn kenneléieren a mat hinne spillen... 👩🏼🤝👨🏽
Dann komm e Samschdeg, den 18. September, an eis Schnupperversammlung op Clierf vun 15:00 bis 17:00 Auer.
🦠 Eis Schnupperversammlung ass ee COVID-CHECK Event! 🦠
Um Infostand kënnt Dir Iech oder Äert Kand aschreiwen.
Fir d'Elteren gëtt et ee Kaffi- a Kuchstand.
Kommt all e Samschdeg schnupperen! Mir freeën eis! 🤗