D'RaRo (Ranger & Rover) ass d’Branche fir déi Jonk tëscht 17 an 23 Joer.

Vill vun de Cliärrwer RaRo sinn och Chef an enger anerer Branche.

 

D’Cliärrwer RaRo maachen all Joer ee Summercamp, ee Weekend, extra Aktivitéiten oder een Ausfluch an hunn och regelméisseg Versammlungen. Ausserdeem schaffen si aktiv um Funky Donkey Festival, wou si Saachen bastelen oder hëllefen opriichten.

 

Regelméisseg ginn d’Cliärrwer RaRo mat op ee sougenannten "Projet", do ginn si mat der ONG "Guiden a Scouten fir ENG Welt" op ee Camp-Chantier aktiv matschaffen. D’Cliärrwer RaRo waren well am Senegal, Bolivien, Brasailien, Bosnien, Georgien, Vietnam, Niger, … mat dobäi.

 

Déi aktuell Clan-Cheffen sinn de Pol Kails, den Tom Packbier, den Frank Ohlhoff an den Ben Bodson.

 

Kontakt